Vill Freedefeieren virum 14. Juli annuléiert oder verbueden.
An eiser Regioun sinn d’Awunner vun Apach, Sierck-les-Bains, Bouzonville an der ganzer Grenzregioun och vun de Mesuren vun der Préfecture betraff.

An eiser Regioun sinn d’Awunner vun Apach, Sierck-les-Bains, Bouzonville an der ganzer Grenzregioun och vun de Mesuren vun der Préfecture betraff.
En Arrêté vun der Préfecture verbitt bis den 20. Juli den Akaf, de Verkaf, den Transport, de Besëtz an de Gebrauch vu verschiddene Kategorië vu Freedefeier fir de grousse Public (Kategorien F2 an F3). Dës Decisioun soll Stéierunge vun der ëffentlecher Uerdnung verhënneren a berécksiichtegt gläichzäiteg déi grouss Hëtzt an dat héicht Brandrisiko.
Doriwwer eraus hunn e puer Gemengen schonn ugekënnegt, datt hire Freedefeier annuléiert oder verluecht gëtt. Aner Gemenge suivéieren d’Entwécklung vun der Situatioun a kéinten hire Programm upassen, wann d’Wieder net besser gëtt.
D’Awunner vun Apach, Sierck-les-Bains, Bouzonville an den Nopeschgemenge gi gebieden, d’offiziell Matdeelunge vun hirer Mairie ze kucken, ier se sech op d’Festivitéite vum 13. a 14. Juli maachen.



